{"id":391,"date":"2026-06-02T14:21:35","date_gmt":"2026-06-02T12:21:35","guid":{"rendered":"https:\/\/cgdis.clients.h2a.lu\/?page_id=391"},"modified":"2026-06-02T14:21:35","modified_gmt":"2026-06-02T12:21:35","slug":"president-du-conseil-dadministration-alain-becker","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/president-du-conseil-dadministration-alain-becker\/","title":{"rendered":"Pr\u00e9sident du Conseil d&rsquo;Administration \u2013 Alain Becker"},"content":{"rendered":"\n<div class=\"wp-block-columns alignfull cols-3 edito-cols is-layout-flex wp-container-core-columns-is-layout-a0651fcf wp-block-columns-is-layout-flex\" style=\"padding-right:var(--wp--preset--spacing--col-1);padding-left:var(--wp--preset--spacing--col-1)\">\n<div class=\"wp-block-column is-layout-flow wp-block-column-is-layout-flow\">\n<p class=\"wp-block-paragraph\">D&rsquo;Joer 2025 huet op e Neits gewisen, w\u00e9i wichteg en h\u00e9ich performante Rettungsd\u00e9ngscht fir eis Gesellschaft ass. Dag fir Dag leeschten eis fr\u00e4iw\u00eblleg an haaptamtlech Pompjee\u00ebn, sou w\u00e9i och dat administratiivt an technescht Personal vum CGDIS e wichtege B\u00e4itrag zur S\u00e9cherheet an dem Wuelbefanne vun der Bev\u00eblkerung, dacks \u00ebnner ganz prek\u00e4re Konditiounen.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Hannert all Asaz sti Leit, d\u00e9i mat Engagement, Expertise an Ausdauer fir anerer do sinn. D&rsquo;Joer 2025 war, genau ew\u00e9i d\u00e9i Jore virdrun, vu villen Erausfuerderungen an Evenementer gepr\u00e4\u00e4gt, d\u00e9i d\u2019Equippe vum CGDIS mat engem staarke Gefill vu Verantwortung gemeeschtert hunn. Am Numm vum Verwaltungsrot soen ech all eenzelne Merci fir s\u00e4in onermittlechen Asaz a seng professionell Astellung.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">De 25. September 2025 huet de Verwaltungsrot vum CGDIS d\u00e9i nei \u201cCharte des valeurs\u201d unanime ugeholl. D\u2019Charta vun de W\u00e4erter defin\u00e9iert d\u2019Grondw\u00e4erter vun alle Membere vum CGDIS an \u00ebnnerstr\u00e4icht e professionellt, verantwortungsbewosst a respektvollt Handelen, souwuel bannent dem CGDIS w\u00e9i och g\u00e9igeniwwer der Bev\u00eblkerung.D\u00ebs Charta reflekt\u00e9iert d\u00e9i fundamental Prinzippien, d\u00e9i eisen Asaz am D\u00e9ngscht vun der Bev\u00eblkerung leeden. <strong>Engagement, Zouverl\u00e4ssegkeet, Professionell Astellung a Solidarit\u00e9it<\/strong> stinn am M\u00ebttelpunkt vum Alldag vun eise Memberen. Si riicht sech u jiddereen: Pompjee\u00ebn, fr\u00e4iw\u00eblleg a berufflech, administratiivt an technescht Personal, esou w\u00e9i jonk Pompjee\u00ebn a Veteranen. Si vereenegt eis ronder\u00ebm eng gemeinsam Ethik a st\u00e4erkt dat on\u00ebmg\u00e4nglecht Vertrauen t\u00ebscht eisem \u00ebffentleche Service an der Bev\u00eblkerung, d\u00e4r mir d\u00e9ngen.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\"><strong>Engagement<\/strong> bedeit, sech den deeglechen Erausfuerderungen ze stellen, d\u00ebst mat Motivatioun, Bereetschaft, Initiative a Verantwortung, mam Zil fir aktiv zu eisem gemeinsamen Erfolleg b\u00e4izedroen.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\"><strong>Zouverl\u00e4ssegkeet<\/strong> ass d&rsquo;Grondlag vun eisen Handlungen a bedeit, dass mir eis zu all Moment openee verloosse k\u00ebnnen \u2013 virun, w\u00e4rend an no engem Asaz. Engagement, Suergfalt a Best\u00e4nnegkeet baue Vertrauen op, souwuel am CGDIS w\u00e9i och an der Gesellschaft .<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Eng <strong>professionell Astellung<\/strong> weist sech duerch Expertise, eng struktur\u00e9iert Aarbechtsmethod an e rouegt Verhalen \u2013 och a brenzelegen oder stressege Situatiounen. Si \u00ebmfaasst eng permanent professionell Weiderentw\u00e9cklung, Qualit\u00e9itsbewosstsinn an d&rsquo;Ambitioun, \u00ebmmer op engem h\u00e9ijen Niveau ze schaffen.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\"><strong>Solidarit\u00e9it<\/strong> steet fir e staarken Zesummenhalt innerhalb vun eisen Equippen a bedeit, sech fireneen anzesetzen, sech g\u00e9iges\u00e4iteg z&rsquo;\u00ebnnerst\u00ebtzen a gemeinsam L\u00e9isungen ze fannen. Besonnesch w\u00e4rend engem Asaz ass Solidarit\u00e9it en entscheedende Faktor fir S\u00e9cherheet an Erfolleg.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">D\u00ebs v\u00e9ier W\u00e4erter, d\u00e9i w\u00e9i Puzzlest\u00e9cker openee passen, sinn d\u2019Fundament fir d\u00e9i kommend Joren. Se reien sech doriwwer eraus och an d\u00e9i national Resilienzstrategie (SNR) an, d\u00e9i eist Land sech den 13. Oktober 2025 ginn huet. D\u2019Thema vun der Resilienz w\u00e4ert d\u00e9i n\u00e4chst Joren \u00ebmmer m\u00e9i wichteg ginn, souwuel fir d\u2019Bev\u00eblkerung, w\u00e9i och fir de CGDIS. Mir w\u00e4erten alles dru setzen, fir d\u00e9i ronn 150 Mesuren aus der SNR gemeinsam \u00ebmzesetzen.&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-column is-vertically-aligned-center is-layout-flow wp-block-column-is-layout-flow\">\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Net manner wichteg war lescht Joer awer och en anert Evenement. Fir d\u00e9i \u00e9ischte K\u00e9ier hu mir beim CGDIS d\u00e9i sougenannten \u201c<strong>Assises du Volontariat<\/strong>\u201d organis\u00e9iert, d\u00ebst mam kloren Zil \u2013 d\u2019Weiche vum Volontariat fir d\u2019Zukunft ze lee\u00ebn.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">2024 schonns hat eng Etude vum LISER, dem Fuerschungsinstitut fir sozio-ekonomesch Recherche, d\u00e9i de Profil, d\u2019Gr\u00ebnn fir d\u2019Engagement an d\u2019Preferenze vum fr\u00e4iw\u00ebllege Pompjee analys\u00e9iert hat, interessant Erkenntnisser iwwert de Fr\u00e4iw\u00ebllegen am CGDIS erginn.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">W\u00e4rend den Assise konnten \u00ebnner anerem opgrond vun d\u00ebser Etude, \u00e9ischt Recommandatioune fir d\u2019Adaptatioun vum Statut vum Volontariat diskut\u00e9iert ginn. Am Laf vun de leschte Joren huet sech d\u2019Engagement vun eise fr\u00e4iw\u00ebllege Pompjee\u00eb siichtbar ver\u00e4nnert, e Phenomen dat sech awer an eiser Gesellschaft och op ganz villen anere Plaze weist. Virun allem d\u00e9i jonk Leit hunn oft m\u00e9i ew\u00e9i een Hobby a w\u00ebllen sech dofir net m\u00e9i ze vill un e Ver\u00e4in bannen. Doriwwer eraus ginn d\u2019Erausfuerderungen am Rettungswiesen \u00ebmmer m\u00e9i grouss an et g\u00ebtt vill vum Fr\u00e4iw\u00ebllege verlaangt.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Et sinn awer zouversiichtlech, dass mir och d\u00ebsen Challenge mat Erfolleg w\u00e4erte meeschteren, zesumme mat de Leit um Terrain.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Vergiesse mer awer net, dass de Grand-Duch\u00e9 Enn 2025 e neie Staatschef krut. De Grand-Duc Henri huet s\u00e4i Mandat den 3. Oktober offiziell u s\u00e4i Fils Guillaume ofginn. E ganz besonneschen Dag war awer och de 24. September, wou de Grand-Duc Henri am Kader vu senger Visite d\u2019adieu eng leschte K\u00e9ier bei de CGDIS koum. Am Numm vun all de Membere vum CGDIS, hat ech d\u00e9i grouss \u00c9ier, eisem Staatschef Merci fir s\u00e4in Engagement g\u00e9intiwwer dem Rettungswiese w\u00e4rend sengem R\u00e8gne ze soen.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Zum Schluss soen ech alle fr\u00e4iw\u00ebllegen an haaptberuffleche Pompjee\u00ebn, dem administrativen an technesche Personal, sou w\u00e9i de Jungendpompjee\u00ebn an de Veteranen a mengem pers\u00e9inleche Numm, an am Numm vum Verwaltungsrot vum CGDIS, e grousse Merci.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\">Merci fir \u00e4ren Engagement, \u00e4re Courage an \u00e4r Ausdauer. Ouni iech w\u00e4r eis Gesellschaft e gutt St\u00e9ck m\u00e9i aarm.<\/p>\n<\/div>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-column is-vertically-aligned-bottom is-layout-flow wp-block-column-is-layout-flow\">\n<div class=\"wp-block-group is-vertical is-layout-flex wp-container-core-group-is-layout-9a9d1ef9 wp-block-group-is-layout-flex\" style=\"padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--0)\"><div class=\"cgdis-image-motion cgdis-image-motion--core-image cgdis-page-reveal cgdis-image-motion--photo-de-profil\" data-cgdis-motion=\"image\" data-cgdis-media-type=\"core-image\" data-cgdis-trame=\"0\"><div class=\"cgdis-image-motion__media\">\n<figure class=\"wp-block-image alignleft size-large is-resized is-style-photo-de-profil\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" width=\"683\" height=\"1024\" src=\"https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-content\/uploads\/2026\/06\/Photo-Alain-Becker-683x1024.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-497\" style=\"aspect-ratio:3\/4;object-fit:cover;object-position:51% 24%;width:320px\" srcset=\"https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-content\/uploads\/sites\/2\/2026\/06\/Photo-Alain-Becker-683x1024.jpg 683w, https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-content\/uploads\/sites\/2\/2026\/06\/Photo-Alain-Becker-200x300.jpg 200w, https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-content\/uploads\/sites\/2\/2026\/06\/Photo-Alain-Becker-768x1152.jpg 768w, https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-content\/uploads\/sites\/2\/2026\/06\/Photo-Alain-Becker-1024x1536.jpg 1024w, https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-content\/uploads\/sites\/2\/2026\/06\/Photo-Alain-Becker-1365x2048.jpg 1365w, https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-content\/uploads\/sites\/2\/2026\/06\/Photo-Alain-Becker.jpg 1628w\" sizes=\"auto, (max-width: 683px) 100vw, 683px\" \/><\/figure>\n<\/div><div class=\"cgdis-image-motion__cover\" aria-hidden=\"true\"><\/div><\/div>\n\n\n<div class=\"wp-block-group has-global-padding is-layout-constrained wp-container-core-group-is-layout-faa17b47 wp-block-group-is-layout-constrained\" style=\"margin-top:var(--wp--preset--spacing--0);margin-bottom:var(--wp--preset--spacing--0);padding-top:var(--wp--preset--spacing--0);padding-bottom:var(--wp--preset--spacing--0)\">\n<p class=\"has-medium-font-size wp-block-paragraph\"><strong>Alain BECKER<\/strong><\/p>\n\n\n\n<p class=\"wp-block-paragraph\"><strong>Pr\u00e9sident du Conseil d&rsquo;Administration<br>Corps grand-ducal d\u2019incendie et de secours<\/strong><\/p>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/div>\n<\/div>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>D&rsquo;Joer 2025 huet op e Neits gewisen, w\u00e9i wichteg en h\u00e9ich performante Rettungsd\u00e9ngscht fir eis Gesellschaft ass. Dag fir Dag leeschten eis fr\u00e4iw\u00eblleg an haaptamtlech Pompjee\u00ebn, sou w\u00e9i och dat administratiivt an technescht Personal vum CGDIS e wichtege B\u00e4itrag zur S\u00e9cherheet an dem Wuelbefanne vun der Bev\u00eblkerung, dacks \u00ebnner ganz prek\u00e4re Konditiounen. Hannert all Asaz [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":0,"parent":0,"menu_order":1,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"inline_featured_image":false,"footnotes":"","cgdis_redirect_to_first_child":false},"class_list":["post-391","page","type-page","status-publish","hentry"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/391","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=391"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/391\/revisions"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/rapportannuel.cgdis.lu\/2025\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=391"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}