Directeur général – Paul Schroeder

D’Joer 2025 markéiert eng Konsolidéierung an Entwécklung fir de Corps grand-ducal d’incendie et de secours, geleet vun enger konstanter Ambitioun: e performanten, mënschlechen an exemplaresche Rettungsdéngscht fir d’Bevëlkerung ze garantéieren.

Am Häerz vun dëser Ambitioun läit e fundamentale Kader: d’CGDIS-Wäerte-Charta. Als Resultat vun enger kollektiver Reflexioun ass si vill méi wéi en institutionellt Dokument: Si ass eng gemeinsam Basis, déi eis Entscheedunge guidéiert, eist Verhalen inspiréiert an eis deeglech Aarbecht strukturéiert. Op véier Pfeiler baséiert — Engagement, Solidaritéit, Zouverlässegkeet a professionell Astellung — suergt si fir d’Kohärenz vun eisem Handelen am Kontext vun der ëmmer méi grousser Komplexitéit vun eise Missiounen.

Déi wichtegst operationell Zuelen, déi an dësem Rapport presentéiert ginn, weisen d’Intensitéit vun eiser Aktivitéit: d’Entgéinthuelen an d’Veraarbechtung vun den Noutriff am CSU-112, d’Asätz am Beräich vun der Persounenhëllef an der Brandbekämpfung, d’SAMU-Missiounen an den Asaz vun de spezialiséierten Interventiounsgruppen. Hannert dësen Zuele spigelt sech déi konkret Uwendung vun eise Wäerter erëm, déi eisen Ekippen erméiglecht, an all Situatioun professionell, reaktiv an zouverlässeg ze handelen.

Dës Dynamik berout op de Fraen a Männer vum CGDIS, deenen hiert Engagement de Grondstee vun eiser Organisatioun duerstellt. D’Rekrutéierung an d’Ausbildung vun neie fräiwëllegen a professionelle Pompjeeë bleiwen entscheedend, fir d’Kontinuitéit an d’Qualitéit vum Rettungsdéngscht ze garantéieren. An dësem Kontext markéiert d’Joer 2025 e wichtege Schratt no vir mat der Grënnung vun der „Lëtzebuerger Jugendpompjeeën asbl“, déi zesumme mam Pompjeesverband an d’Liewe geruff gouf. Dës Initiativ stäerkt d’Vermëttlung vun eise Wäerter, den Interessi fir d’Beruffer am Beräich vun der ziviler Sécherheet a bereet déi nächst Generatioun aktiv vir, andeems si schonn am jonken Alter Ënnerstëtzung fir d’Bierger a Resilienz verankert.

D’Aktivitéiten, déi am Joer 2025 nieft eisen Asätz duerchgefouert goufen — Ausbildung, Präventioun a Planung, Gesondheet a Sécherheet, souwéi d’Fërderung vun Diversitéit an Inklusioun — weisen eise Wëllen, dës Wäerter konkret lieweg ze halen. Si setzen sech fort an der Moderniséierung vun eisenr Infrastrukturen, der Stäerkung vun eisen internationale Kooperatiounen an der Weiderverfollegung vun den Ziler, déi am Plan national de l’organisation des secours festgeluecht goufen, souwéi an den Aarbechten am Zesummenhang mat der Visioun vum CGDIS fir déi kommend Joren.

An engem onséchere globale Kontext kënnt der Gestioun vun de Finanzen eng besonnesch wichteg Bedeitung zou. De CGDIS iwwerhëlt seng Verantwortung bei der Notzung vun ëffentleche Ressourcë voll a ganz. Dat bedeit, och Efforte fir Aspuerungen, Optimiséierungen a Rationaliséierungen ëmzesetzen, fir eng effizient an nohalteg Organisatioun ze garantéieren. Dës Disziplin ass onëmgänglech, fir en héije Serviceniveau oprechtzeerhalen.

Gläichzäiteg muss si awer vun enger Visioun fir d’Zukunft begleet ginn. D’Entwécklung vum CGDIS — d’Moderniséierung vun den Infrastrukturen an Equipementer, d’Upassung un nei Risiken an d’Stäerkung vun de Kapazitéiten — erfuerdert eng konstant a laangfristeg Ënnerstëtzung vun den ëffentlechen Autoritéiten. D’Engagement vun der Regierung an de Gemenge bleift entscheedend, fir dem CGDIS ze erlaben, seng Entwécklung am Déngscht vun der Gesellschaft weiderzeféieren.

Ech wëll all de Membere vum CGDIS meng déif Unerkennung fir hiert Engagement an hir Professionalitéit ausdrécken. Mat hirem alldeeglechen Asaz liewen si eis Wäerter vir a stäerken d’Vertraue vun der Bevëlkerung.

Nëmmen andeems mir dëser Charta trei bleiwen an déi zukünfteg Generatioune virbereeden, kënne mir weiderhin e modernen, solidaresche Rettungsdéngscht opbauen, dee konsequent op d’Zukunft ausgeriicht ass.

PAUL SCHROEDER

Directeur général
Corps grand-ducal d’incendie et de secours