D’Joer 2025 huet op e Neits gewisen, wéi wichteg en héich performante Rettungsdéngscht fir eis Gesellschaft ass. Dag fir Dag leeschten eis fräiwëlleg an haaptamtlech Pompjeeën, sou wéi och dat administratiivt an technescht Personal vum CGDIS e wichtege Bäitrag zur Sécherheet an dem Wuelbefanne vun der Bevëlkerung, dacks ënner ganz prekäre Konditiounen.
Hannert all Asaz sti Leit, déi mat Engagement, Expertise an Ausdauer fir anerer do sinn. D’Joer 2025 war, genau ewéi déi Jore virdrun, vu villen Erausfuerderungen an Evenementer gepräägt, déi d’Equippe vum CGDIS mat engem staarke Gefill vu Verantwortung gemeeschtert hunn. Am Numm vum Verwaltungsrot soen ech all eenzelne Merci fir säin onermittlechen Asaz a seng professionell Astellung.
De 25. September 2025 huet de Verwaltungsrot vum CGDIS déi nei “Charte des valeurs” unanime ugeholl. D’Charta vun de Wäerter definéiert d’Grondwäerter vun alle Membere vum CGDIS an ënnersträicht e professionellt, verantwortungsbewosst a respektvollt Handelen, souwuel bannent dem CGDIS wéi och géigeniwwer der Bevëlkerung.Dës Charta reflektéiert déi fundamental Prinzippien, déi eisen Asaz am Déngscht vun der Bevëlkerung leeden. Engagement, Zouverlässegkeet, Professionell Astellung a Solidaritéit stinn am Mëttelpunkt vum Alldag vun eise Memberen. Si riicht sech u jiddereen: Pompjeeën, fräiwëlleg a berufflech, administratiivt an technescht Personal, esou wéi jonk Pompjeeën a Veteranen. Si vereenegt eis ronderëm eng gemeinsam Ethik a stäerkt dat onëmgänglecht Vertrauen tëscht eisem ëffentleche Service an der Bevëlkerung, där mir déngen.
Engagement bedeit, sech den deeglechen Erausfuerderungen ze stellen, dëst mat Motivatioun, Bereetschaft, Initiative a Verantwortung, mam Zil fir aktiv zu eisem gemeinsamen Erfolleg bäizedroen.
Zouverlässegkeet ass d’Grondlag vun eisen Handlungen a bedeit, dass mir eis zu all Moment openee verloosse kënnen – virun, wärend an no engem Asaz. Engagement, Suergfalt a Bestännegkeet baue Vertrauen op, souwuel am CGDIS wéi och an der Gesellschaft .
Eng professionell Astellung weist sech duerch Expertise, eng strukturéiert Aarbechtsmethod an e rouegt Verhalen – och a brenzelegen oder stressege Situatiounen. Si ëmfaasst eng permanent professionell Weiderentwécklung, Qualitéitsbewosstsinn an d’Ambitioun, ëmmer op engem héijen Niveau ze schaffen.
Solidaritéit steet fir e staarken Zesummenhalt innerhalb vun eisen Equippen a bedeit, sech fireneen anzesetzen, sech géigesäiteg z’ënnerstëtzen a gemeinsam Léisungen ze fannen. Besonnesch wärend engem Asaz ass Solidaritéit en entscheedende Faktor fir Sécherheet an Erfolleg.
Dës véier Wäerter, déi wéi Puzzlestécker openee passen, sinn d’Fundament fir déi kommend Joren. Se reien sech doriwwer eraus och an déi national Resilienzstrategie (SNR) an, déi eist Land sech den 13. Oktober 2025 ginn huet. D’Thema vun der Resilienz wäert déi nächst Joren ëmmer méi wichteg ginn, souwuel fir d’Bevëlkerung, wéi och fir de CGDIS. Mir wäerten alles dru setzen, fir déi ronn 150 Mesuren aus der SNR gemeinsam ëmzesetzen.
Net manner wichteg war lescht Joer awer och en anert Evenement. Fir déi éischte Kéier hu mir beim CGDIS déi sougenannten “Assises du Volontariat” organiséiert, dëst mam kloren Zil – d’Weiche vum Volontariat fir d’Zukunft ze leeën.
2024 schonns hat eng Etude vum LISER, dem Fuerschungsinstitut fir sozio-ekonomesch Recherche, déi de Profil, d’Grënn fir d’Engagement an d’Preferenze vum fräiwëllege Pompjee analyséiert hat, interessant Erkenntnisser iwwert de Fräiwëllegen am CGDIS erginn.
Wärend den Assise konnten ënner anerem opgrond vun dëser Etude, éischt Recommandatioune fir d’Adaptatioun vum Statut vum Volontariat diskutéiert ginn. Am Laf vun de leschte Joren huet sech d’Engagement vun eise fräiwëllege Pompjeeë siichtbar verännert, e Phenomen dat sech awer an eiser Gesellschaft och op ganz villen anere Plaze weist. Virun allem déi jonk Leit hunn oft méi ewéi een Hobby a wëllen sech dofir net méi ze vill un e Veräin bannen. Doriwwer eraus ginn d’Erausfuerderungen am Rettungswiesen ëmmer méi grouss an et gëtt vill vum Fräiwëllege verlaangt.
Et sinn awer zouversiichtlech, dass mir och dësen Challenge mat Erfolleg wäerte meeschteren, zesumme mat de Leit um Terrain.
Vergiesse mer awer net, dass de Grand-Duché Enn 2025 e neie Staatschef krut. De Grand-Duc Henri huet säi Mandat den 3. Oktober offiziell u säi Fils Guillaume ofginn. E ganz besonneschen Dag war awer och de 24. September, wou de Grand-Duc Henri am Kader vu senger Visite d’adieu eng leschte Kéier bei de CGDIS koum. Am Numm vun all de Membere vum CGDIS, hat ech déi grouss Éier, eisem Staatschef Merci fir säin Engagement géintiwwer dem Rettungswiese wärend sengem Règne ze soen.
Zum Schluss soen ech alle fräiwëllegen an haaptberuffleche Pompjeeën, dem administrativen an technesche Personal, sou wéi de Jungendpompjeeën an de Veteranen a mengem perséinleche Numm, an am Numm vum Verwaltungsrot vum CGDIS, e grousse Merci.
Merci fir ären Engagement, äre Courage an är Ausdauer. Ouni iech wär eis Gesellschaft e gutt Stéck méi aarm.

Alain BECKER
Président du Conseil d’Administration
Corps grand-ducal d’incendie et de secours